All episodes

S02E05 - Den Eurominister

S02E05 - Den Eurominister

57m 0s

De Moie vum 1. Januar 2002 ass op de Banken a bei de Bankomater zu Lëtzebuerg gutt eng lass. Den Euro ass endlech um Marché.

Eis Spueresich fänkt an enger Keess am Auchan un, an zwar beim Hélène Meurisse. D'Caissière ass am Kontakt mat enger Clientèle, déi lo net méi mat belschen, franséischen a lëtzebuergesche Frangen – oder souguer mat der Deutsche Mark – probéiert ze bezuelen, mee mat enger ganz neier Wärung.

Wéi de Commerce sech op de Wiessel op den Euro virbereet huet, dat zielt d'Sabrina Sagramalo, deemools Coordinatrice vum Reseau vun den Euro-Infozenteren.

De Luc Frieden, dee...

S02E04 - Géi dohinner, wou de Kabes wiisst

S02E04 - Géi dohinner, wou de Kabes wiisst

56m 34s

Et ass 1962. Um Kierchbierg ginn e puer Bauere mat hiren Trakteren op d'Barrikaden. De Staat huet decidéiert, de Fonds Kierchbierg kéint Terrainen opkafen, fir dass do de neien Centre Européen gebaut ka ginn.

An dat op de Felder, déi iwwer Generatiounen d'Existenz vun hire Famillje geséchert hunn.

Eis Spueresich fänkt beim Fays Djoher, Associé gérant vum Shamrock Luxembourg, un. Wa Feierowend ass, kommen d'Employé*eë vun de Banken an EU-Institutiounen ëmmer gäre bis laanscht.

D'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg huet an de 60er mat méi Skepsis wéi Enthusiasmus op d'Urbaniséierung vum Kierchbierg gekuckt. Et war riets vu "Baurenausrottung", enger sozialer "Enklave" déi...

S02E03 - Hin-an-Hier-Gependels

S02E03 - Hin-an-Hier-Gependels

56m 37s

Et ass de 15. Juni 1985, an et ass fir déi éischte Kéier méiglech, iwwer déi lëtzebuergesch Grenz ze fueren, ouni dem Douanier e Pass ze weisen.

Dat war méiglech dank dem Schengener Ofkommes, dat pünktlech fir d'Summervakanz ënnerschriwwe ginn ass. D'Opmaache vun de Grenzen huet d'Liewe vun der éischter Well u Grenzgänger*innen vereinfacht, déi bis op Lëtzebuerg schaffe komm sinn.

Eis Spueresich fänkt bei der Soziologin Jessica Lopes a beim Illustrateur Charl Vinz un. Si hunn 2025 hiert Buch Temps de Trajet publizéiert, dat 13 ënnerschiddlech Persounen, déi haut hei zu Lëtzebuerg schaffen, op d'Aarbecht a rëm zréck heem...

S02E02 - Dieu n'est-il pas luxembourgeois ?

S02E02 - Dieu n'est-il pas luxembourgeois ?

57m 37s

Et ass Mëtt der 80er, an an engem Sëtzungssall strecken sech d'Käpp iwwer engem Gesetzestext zesummen. Am Raum: Bankepatronat, Notairen, Affekoten. Vill Erfarung a vill Krawatten.

Eng Persoun passt net an d'Bild: D'Marie-Jeanne Chèvremont (deemols Coopers & Lybrand). Dëst Gesetz, un deem si grad matschafft – d'UCITS-Directive – wäert Lëtzebuerg zum Gateway vun Europa fir Investmentfonge maachen.

Eis Spueresich fänkt awer beim Berthe Lutgen un, Kënschtlerin a Grënnerin vum Mouvement de Libération des Femmes. 2015 moolt si The Deciders – e Bild, op dem e Grupp Hären am Kostüm ënnert dem Arc de Triomphe trëppelt. Ganz kleng am Hannergrond sinn...

S02E01 - D'Wëllef vum Boulevard Royal

S02E01 - D'Wëllef vum Boulevard Royal

56m 1s

Et ass d'Joer 1987 – a bei der KBL rabbelt den Telefon.

Ee jonken, nervösen Trader hieft op a lauschtert no, wärend um aneren Enn eng däitsch Bank hie fälschlecherweis accuséiert, falsch Präisser genannt ze hunn. Eng typesch Zeen fir déi jonk Wëllef vum Boulevard Royal.

No der Stolkris war et Usus fir déi nei Generatioun, am Finanzsecteur séier Aarbecht ze fannen.

Eis Spueresich fänkt dowéinst beim Ralph Pletsch un, deen an de spéiden 80er bei der haiteger Quintet Private Bank an enger komplett zougedämptener Salle de Marché Dag fir Dag Milliounenzommen an alle méigleche Wärungen – vun US-Dollar iwwer...

S01E06 - Ménage à trois

S01E06 - Ménage à trois

56m 21s

Et ass d'Joer 1975. Vun elo un a fir op mannst déi nächst 10 Joren heescht de Probleem Nummer 1 zu Lëtzebuerg Stolkris.

De Lëtzebuerger Tripartite-Modell faasst ënnert der DP-LSAP-Koalitioun Fouss. Regierung, Gewerkschaften, a Patronat mussen zesummen no Léisunge sichen – a léieren, sech géigesäiteg ze verstoen a Kompromisser anzegoen.

Am Spill steet nämlech d'Existenz vun der Stolindustrie, déi Dausende vu Mënsche beschäftegt.

D'Colette Flesch war déi Zäit Vize-, Aussen-, Wirtschafts- a Justizministesch. Si an de Kik Schneider, fréiere Member vum Staatsrot a Conséilspresident vum Lëtzebuerger Journal, ziele vum Gaston Thorn, deemolege Premier, a schwätzen doriwwer, wéi d'Colette Flesch d'Tripartitten...

S01E05 - Oppen Dieren

S01E05 - Oppen Dieren

47m 48s

Et ass de 24. Abrëll 1951. Zu Colmar-Bierg versammele sech e gudde Koup dichteg a wichteg Leit aus Lëtzebuerg, den USA, England an Holland.

Hei gëtt nämlech d'Produktioun vun der éischter US-amerikanescher Firma lancéiert, déi hire Wee op Lëtzebuerg fonnt huet: d'Goodyear. Dowéinst fänkt eis Spueresich des Kéier beim Miguel Simon un, deen haut Manager bei Goodyear Mounting Solutions ass.

D'Industriesitten hunn den zweete Weltkrich zwar méi oder manner gutt iwwerstanen, mee et war alles anescht wéi einfach, d'Schwéierindustrie mat Koks ze versuergen.

D'Lëtzebuerger Regierung war sech bewosst: D'Wiertschaft muss diversifizéiert ginn.

Ma fir d'éischt misst Europa sech nei opstellen...

S01E04 - Vun de Bouwen, déi gefeelt hunn

S01E04 - Vun de Bouwen, déi gefeelt hunn

50m 48s

Et ass den 31. August 1942. Bei der Post trëppelen se vun engem Fouss op den aneren. D'Aarbecht schleeft. Et gëtt gepëspert: Stëmmt et, dass se zu Wooltz grad um Streike sinn? An zu Schëffleng? Souguer zu Ettelbréck?

Den Dag virdrunner gouf ugekënnegt, dass och d'Lëtzebuerger Bouwen elo virun der Wehrpflicht stinn. Uechter d'Ländchen ass iwwer zwee Deeg e Generalstreik ausgebrach. E Moment vun der Resistenz, deen Affer mat sech bruecht huet, mee net verhënnere konnt, dass d'Lëtzebuerger Jongen an d’Wehrmacht agezu goufen.

Eis Spueresich fänkt dowéinst beim Mike Orazi un, Präsident vun der Amicale de la Poste. D’Grënnung vun dëser...

S01E03 - D'Fauscht op den Dësch

S01E03 - D'Fauscht op den Dësch

51m 15s

Et ass 1917 – kuerz virum Enn vum éischte Weltkrich.

D'Leit zu Lëtzebuerg ginn net anstänneg bezuelt an d'Iesse kënnt net méi op den Dësch. Uechter de Minett organiséieren d'Gewerkschaften ëmmer méi heefeg Streiker an Demonstratiounen.

Et sinn déi éischt vun enger ganzer Serie, déi d'Tëschekrichszäit prägen. Demonstratiounen, déi sou wuel vun Erfolleg wéi och vu Scheitere gezeechent waren.

Trotzdeem géif et haut zu Lëtzebuerg keng richteg Streikkultur ginn, erkläert de Guy Castegnaro, Affekot fir Aarbechtsrecht. D'Colette Kutten, déi sech an den 80er Joren am Mouvement de Libération des Femmes (MLF) engagéiert huet, an d'Gabrielle Antar, Matbegrënnerin vun "Déi Aner"...