flux

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen: D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal sinn der Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg op d’Spuer gaang.

D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

Ënnert anerem de Jean-Claude Juncker, d'Colette Flesch, de Michel Würth an de Guy Castegnaro zielen d'Geschicht vun engem konstanten Upassen, Neidenken an Neiopbauen, déi nach ëmmer weider dréit.

flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, mam Zil, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen.

Ab dem 25. November 2025.

flux

Latest episodes

S02E05 - Den Eurominister

S02E05 - Den Eurominister

57m 0s

De Moie vum 1. Januar 2002 ass op de Banken a bei de Bankomater zu Lëtzebuerg gutt eng lass. Den Euro ass endlech um Marché.

Eis Spueresich fänkt an enger Keess am Auchan un, an zwar beim Hélène Meurisse. D'Caissière ass am Kontakt mat enger Clientèle, déi lo net méi mat belschen, franséischen a lëtzebuergesche Frangen – oder souguer mat der Deutsche Mark – probéiert ze bezuelen, mee mat enger ganz neier Wärung.

Wéi de Commerce sech op de Wiessel op den Euro virbereet huet, dat zielt d'Sabrina Sagramalo, deemools Coordinatrice vum Reseau vun den Euro-Infozenteren.

De Luc Frieden, dee...

S02E04 - Géi dohinner, wou de Kabes wiisst

S02E04 - Géi dohinner, wou de Kabes wiisst

56m 34s

Et ass 1962. Um Kierchbierg ginn e puer Bauere mat hiren Trakteren op d'Barrikaden. De Staat huet decidéiert, de Fonds Kierchbierg kéint Terrainen opkafen, fir dass do de neien Centre Européen gebaut ka ginn.

An dat op de Felder, déi iwwer Generatiounen d'Existenz vun hire Famillje geséchert hunn.

Eis Spueresich fänkt beim Fays Djoher, Associé gérant vum Shamrock Luxembourg, un. Wa Feierowend ass, kommen d'Employé*eë vun de Banken an EU-Institutiounen ëmmer gäre bis laanscht.

D'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg huet an de 60er mat méi Skepsis wéi Enthusiasmus op d'Urbaniséierung vum Kierchbierg gekuckt. Et war riets vu "Baurenausrottung", enger sozialer "Enklave" déi...

S02E03 - Hin-an-Hier-Gependels

S02E03 - Hin-an-Hier-Gependels

56m 37s

Et ass de 15. Juni 1985, an et ass fir déi éischte Kéier méiglech, iwwer déi lëtzebuergesch Grenz ze fueren, ouni dem Douanier e Pass ze weisen.

Dat war méiglech dank dem Schengener Ofkommes, dat pünktlech fir d'Summervakanz ënnerschriwwe ginn ass. D'Opmaache vun de Grenzen huet d'Liewe vun der éischter Well u Grenzgänger*innen vereinfacht, déi bis op Lëtzebuerg schaffe komm sinn.

Eis Spueresich fänkt bei der Soziologin Jessica Lopes a beim Illustrateur Charl Vinz un. Si hunn 2025 hiert Buch Temps de Trajet publizéiert, dat 13 ënnerschiddlech Persounen, déi haut hei zu Lëtzebuerg schaffen, op d'Aarbecht a rëm zréck heem...

S02E02 - Dieu n'est-il pas luxembourgeois ?

S02E02 - Dieu n'est-il pas luxembourgeois ?

57m 37s

Et ass Mëtt der 80er, an an engem Sëtzungssall strecken sech d'Käpp iwwer engem Gesetzestext zesummen. Am Raum: Bankepatronat, Notairen, Affekoten. Vill Erfarung a vill Krawatten.

Eng Persoun passt net an d'Bild: D'Marie-Jeanne Chèvremont (deemols Coopers & Lybrand). Dëst Gesetz, un deem si grad matschafft – d'UCITS-Directive – wäert Lëtzebuerg zum Gateway vun Europa fir Investmentfonge maachen.

Eis Spueresich fänkt awer beim Berthe Lutgen un, Kënschtlerin a Grënnerin vum Mouvement de Libération des Femmes. 2015 moolt si The Deciders – e Bild, op dem e Grupp Hären am Kostüm ënnert dem Arc de Triomphe trëppelt. Ganz kleng am Hannergrond sinn...