flux

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen: D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal sinn der Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg op d’Spuer gaang.

D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

Ënnert anerem de Jean-Claude Juncker, d'Colette Flesch, de Michel Würth an de Guy Castegnaro zielen d'Geschicht vun engem konstanten Upassen, Neidenken an Neiopbauen, déi nach ëmmer weider dréit.

flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, mam Zil, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen.

Ab dem 25. November 2025.

flux

Latest episodes

S01E03 - D'Fauscht op den Dësch

S01E03 - D'Fauscht op den Dësch

51m 15s

Et ass 1917 – kuerz virum Enn vum éischte Weltkrich.

D'Leit zu Lëtzebuerg ginn net anstänneg bezuelt an d'Iesse kënnt net méi op den Dësch. Uechter de Minett organiséieren d'Gewerkschaften ëmmer méi heefeg Streiker an Demonstratiounen.

Et sinn déi éischt vun enger ganzer Serie, déi d'Tëschekrichszäit prägen. Demonstratiounen, déi sou wuel vun Erfolleg wéi och vu Scheitere gezeechent waren.

Trotzdeem géif et haut zu Lëtzebuerg keng richteg Streikkultur ginn, erkläert de Guy Castegnaro, Affekot fir Aarbechtsrecht. D'Colette Kutten, déi sech an den 80er Joren am Mouvement de Libération des Femmes (MLF) engagéiert huet, an d'Gabrielle Antar, Matbegrënnerin vun "Déi Aner"...

S01E02 - A man's world

S01E02 - A man's world

45m 54s

Et ass de 14. September 1910 – an zu Esch ass fatzeg eng lass.

Am Quartier Grenz gouf eng Koppel, déi mat Kuel handelt, brutal ermort. D'Police hadert domat, erauszefannen, ween den Täter ass. An dat iwwer Joren: Gesicht gëtt bei den Aarbechter*innen, mee de Mäerder ass een eemolege Polizist.

E Mord, deen net vum Wuesstum vun der Stolindustrie an dem verännerte soziale Klima ze trennen ass, wéi de Jérôme Quiqueret, Auteur vum Buch "Tout devait disparaître", eis an dëser Episod erzielt.

De Fall ass nämlech e Symptom vun den Upassungsschwieregkeeten zu engem Moment, wou grad e puer Männer aus...

S01E01 - Prolog

S01E01 - Prolog

42m 35s

Eis Geschicht fänkt am Joer 1882 un.

Den Norbert Metz a Victor Tesch decidéieren: Zu Diddeleng gehéiert eng Schmelz hin. Dorauser entstanen ass e bléiende Stolkomplex, deen sech ëmmer rëm weiderentwéckele misst.

Haut ass d'Schmelz ausser Betrib. Schlofe mécht se awer net. Wat elo do geschitt, ass sech d’Sherley am VeWa ukucke gaangen. De Kënschtler Thomas Steinmann a de Serge Ecker vun DKollektiv erzielen eis vun hirem Projet.

Mee genau sou, wéi et e Lëtzebuerg no der Schmelz gëtt, gouf et e Lëtzebuerg virun der Schmelz. An zwar eent, dat sech selwer versuerge misst. Doriwwer schwätze mer mam Percy Lallemang...

flux - Trailer

flux - Trailer

2m 14s

Ab dem 25. November 2025.